eise Servicer
Servicer » Banneschte Botz
Referenzen Banneschte Botz
De banneschte Botz ass vill méi wéi just eng optesch Surface a virun allem relevant fir en agreabelt Wunn- a Raumklima. De Choix vum richtege Botz fir bannen an engem Gebai ass deemno extrem wichteg an dréit zu engem besonnesche Wunnconfort bäi. Wéi e Botz a Banneraim verschafft gëtt, hängt vu villen ënnerschiddleche Faktoren of, déi am Viraus musse gekläert ginn.
Ob elo Gips-Botz, Kallek-Gips-Botz oder Leembotz (fir just e puer ze nennen): mir wiele mat Iech de beschte Botz fir Äre Bauprojet aus a beroden Iech gär iwwert déi jeeweileg Eegeschaften a Viraussetzungen. Wichteg ass zum Beispill den Ënnergrond, wou de Botz soll dropkommen, oder wann Äre Raum besonnesch ästhetesch Eegeschafte soll hunn, grad wéi divers speziell Eegeschafte wéi eng besonnesch akustesch Isolatioun, normgerecht Brandsécherheet oder ökologesch a gesondheetlech Aspekter, fir dem Raum déi gewënschten Atmosphär ze ginn.
Schwätzt mat eis iwwer déi vill verschidde Méiglechkeeten. Bei eis gitt Dir global berot!










